De Romain Richer ass zanter 2019 Paschtouer vun der Poar „Ettelbréck – Saints-Pierre-et-Paul“. Hien wëll awer alles aneschter wéi als e verstëbsten Geeschtlechen eriwwer kommen, an geet gären mat der Zäit. Den Aumônier vun der Landjugend well ëmmer en oppent Ouer hunn, an dat net just zu feste Büroszäiten mä 24/24 a 7/7. Am Gespréich mam Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten gouf hien natierlech och op seng Usiichten iwwer d'kathoulesch Kierch ugeschwat. Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

12-07-2022 RTL-Afterwork: Romain Richer (Denschdeg)

Muer géint 17h20 zielt de Romain Richer, wéi den Dagesoflaf am Seminaire war, op e Paschtouer Gesangsunterrecht kritt an op hien léiwer eng Hochzäit oder e Begriefnis hält

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.