Dem Romain Richer seng Aarbecht ass méi wéi en 8 Stonnen Job, an op den éischten Bléck gesäit een him och net of dass hien Paschtouer ass. D'Jeansbox an Turnschlappen maachen dem Geeschtlechen bestëmmt vill Dieren op, dobäi kënnt seng labber Sprooch, hien ass geselleg, a léisst och net bal e Patt stoen, dat huet hien alles dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an Shari Schenten am Bistrot de la Presse verzielt. Piano: Erny Delosch

14-07-2022 RTL-Afterwork: Romain Richer (Donneschdeg)

Muer géint 17h20 zielt de Romain Richer, iwwer seng Héichtenangscht, seng Ufanksproblemer mam Clierfer Dialekt a firwat et bei enger Hochzäit eng Konditioun ass, dass d'Blummen ganz niddreg sinn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.