Kach oder eng Karriär op der Bourse waren Optiounen, awer schlussendlech huet de Romain Richer sech schonn mat 15 Joer gefrot ob Paschtouer net eppes fir hien wier a mat 19 ass d'Decisioun definitiv gefall. Mat senge kuerzen Hoer, engem Brëll an dem casual look lauschtert hien op d'Leit, an d'Leit bei der Priedegt Sonndes op hien.
Am Bistrot de la Presse war et wéi an der grousser Beicht. Hien huet do op all Froen missten gefaast sinn, an déi koumen och vum Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten.
Piano: Erny Delosch

16-07-2022 RTL-Afterwork: Romain Richer (Samschdeg)

Dat ganzt Gespréich mam Paschtouer Romain Richer fann der am RTL play.

Do gëtt et och all déi aner Sendung ugefaange mat där alleréischter mam Mars Di Bartolomeo nach am Café des Artistes, de 6. Januar 2020.

RTL