Den 29ten September 2006 ass aus dem Tessy Antony vun Nidderkuer, duerch hir Hochzäit mam Prënz Louis, eng Prinzessin ginn an e Kandheetsdram huet sech erfëllt. De Mariage ass an d'Bréch gaangen, awer haut ass d'Tessy Antony de Nassau an hirem zweete Mariage nees glécklech a gouf de 26ten August 2021 fir d'drëtt Mamm. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et dës Woch ëm hir Patchworkfamill, d'Kandheet mat villen Déieren an d'Zäit an der Arméi. Awer och Charity, an Astronautentraining fir fit ze bleiwen spillen eng Roll.
Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

12-09-2022 RTL-Afterwork: Tessy Antony de Nassau (Meindeg)

Muer géint 17h10 verréit d'Tessy Antony de Nassau, wéi se hiren zweeten Mann kennegeléiert huet an, dass si als Kand, Dauwen mat Mond-zu-Mond gerett huet

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.