Dass de Grand-Duc Henri mam Tessy Antony de Nassau zesumme gekacht huet a wéi een mat dem Drock ëmgeet, als Member vum Haff si mer gëschter vun der fréierer Prinzessin gewuer ginn. Haut verzielt se am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi hier Kandheet zu Nidderkuer ausgesinn huet, awer och wéi een d'Aarbecht als Businesswoman a Mamm vun 3 Kanner ënner een Hutt kritt. Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

Muer géint 17h10 verréit d'Tessy Antony de Nassau, wéi se no der Gebuert vum klengen Theodor Frank Floessel sou séier déi iwwerflësseg Kiloen ofgeholl huet, an zitt gären en Joker bei enger Fro

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.