D'Tessy Antony de Nassau ass net just e fréiere Member vun der groussherzoglecher Famill, mä ass am gaangen sech e Numm als Businessfra ze maachen. An och privat huet se hiert Gléck fonnt mam Entrepreneur Frank Floessel, deen se just 2 Deeg no hirem 36ten Gebuertsdag bestuet huet. Fir d'Gléck perfekt ze maachen sinn déi zwee de 26ten August 2021 Elteren vum klengen Theodor Frank ginn. Dat ass genuch Gespréichsstoff fir den Dan Spogen Mike Fandel, Raoul Roos an d'Shari Schenten. Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

Muer géint 17h10 zielt d'Tessy Antony de Nassau iwwer déi ustrengend Zäit um Härebierg, a wéi se bei enger Ried op engem grousse Kongress, de Fuedem virun Honnerten vu Leit verluer huet

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.