Déi ganz Woch si mer schonn an der Gesellschaft vum Tessy Antony de Nassau. 2019 war déi fréier Prinzessin nominéiert fir den "Emirates Woman of the Year" Präis. Virun zimmlech genee 2 Joer huet d'Tessy hier éischt Kollektioun op der "Luxembourg Fashion Week" virgestallt, an am selwechte Joer krut se den "Freedom of the City of London award". Genuch Themen fir den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten mat der Businessfra a Mamm vun 3 Kanner. Um Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

17-09-2022 RTL-Afterwork: Tessy Antony de Nassau (Samschdeg)

Déi ganz nächst Woch géint 17h10 ass et um Pilo Fonck, enger Legend ënner de Sportreporter

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.