De Pilo Fonck ass eng Legend ënner de Lëtzebuerger Sportreporter. Seng markant Stëmm a seng spatz Remarken bleiwen engem am Ouer. Seng éischt Léift am Sport gehéiert dem Fussball, als Aktiven zu Käerjeng, Mëtt de 50er Joren. Duerno koum den Dëschtennis wou hien vun 1976-1981 President um Houwald war, ouni de Vëlo ze vergiessen. Eleng 29 mol huet de Pilo fir RTL den Tour de France kommentéiert. Am Gespréich mam Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten geet et och ëm d'Olympesch Spiller, wéi e Merite hien um Sportlycée huet a firwat et hien ni an d'Politik gezunn huet? Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

19-09-2022 RTL-Afterwork: mam Pilo Fonck (Meindeg)

Muer géint 17h10 zielt de Pilo Fonck wéi et koum dass hien 29 mol am Tour de France war, a firwat hien just 1 Joer um Posten als Chefredakter vum Radio souz

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.