Tëscht 1959 an 1995 war de Pilo Fonck Sportreporter bei RTL. Mat all deene Geschichten déi de Pilo erlieft huet, kéint een Buch schreiwen. Hien konzentréiert sech awer léiwer op Artikelen an de Brochuren vu Sportsveräiner oder seng Commentairen. Dobäi wëssen déi mannst, datt hien och 10 Joer zu Dräibuer Trainer war an datt hien zanter Ufank vun den 1960er éischte Supporter vun der Fussballnationalekipp war. Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten goung rieds vun der ganzer Karriär. Piano: Erny Delosch.

20-09-2022 RTL-Afterwork: mam Pilo Fonck (Denschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Pilo Fonck firwat vill Leit behaapten, hien hätt de Paul Philippe zum President vun der FLF gemaach a firwat hien all de Parteien e Kuerf ginn huet, déi hien mat an d'Walen huele wollten.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.