De Pilo Fonck ass fir seng spannend Sportscommentairen bekannt. Egal op Vëlo oder Fussball, et huet een quasi kee Bild gebraucht a konnt sech säin eegene Match virstellen, wann hien déi eenzel Zeenen beschriwwen huet. Am Bistrot de la Presse huet hien awer och verzielt, dass hien laang Joren Moies um Radio déi éischt Neiegkeeten presentéiert huet, d'Walen organiséiert huet an vum Generaldirekter Gust Graas zum Chefredakter beim Radio genannt gouf. Allerdéngs huet en dee Posten nees no engem Joer opginn. Genuch Material fir nozebueren fir den Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten. Piano: Erny Delosch

21-09-2022 RTL-Afterwork: mam Pilo Fonck (Mettwoch)

Muer géint 17h10 zielt de Pilo Fonck fir wéi e Club säin Häerz schléit, wien säin Fiffi war a wat en haut nach op der Televisioun kuckt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.