De Pilo Fonck kennt een als Sportreporter um Radio oder spéider als dee Mann, deen engem Sonndes d'Sportsnoriichten am "Hei elei kuck elei" Heem an d'Stuff bruecht huet, an dobäi ëmmer en aneren Pullover mat engem schéine Muster unhat. Haut, wou säin Kolleeg Jean Octave seng 80 feiert, probéieren den Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos an d'Shari Schenten méi iwwer de Privatmënsch Pilo gewuer ze ginn. Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

22-09-2022 RTL-Afterwork mam Pilo Fonck (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Pilo Fonck wéi e sech haut sportlech fit hält, an hien erënnert un d'olympesch Spiller vun 1972 zu München wou hien als éischten Radio schonn moies um hallwer 7 vum Attentat op d'israelescht Duerf bericht huet

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.