Dës Woch hu mer et mat enger lieweger Legend ze dinn. De Sportjournalist Pilo Fonck souz dem Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten am Bistrot de la Presse um Hocker vis-à-vis, an am Gespréich huet een erausgehéiert fir wien säin Häerz geschloen huet a weider schléit. Haut evoquéiert en d'Attentat bei den olympesche Spiller vu München 1972, awer och dee private Mënsch kënnt net ze kuerz. Piano: Erny Delosch

23-09-2022 RTL-Afterwork: mam Pilo Fonck (Freideg)

Muer géint 17h10 zielt de Pilo Fonck wuer et hien an der Vakanz hinzitt an hier erënnert un de Papp vum Marc Girardelli, mat deem et net einfach Kiischten iessen war

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.