De Pilo Fonck ass als Sportjournalist respektéiert, an dat bestëmmt och, well en alt emol gären gepickt huet, an de Fanger an d'Wonn geluecht huet, wou et wéi gedinn huet. Hien huet den Tëppelchen op den I gesat an dat huet net ëmmer jidderengem geschmaacht. Bei sengem Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet de 84järegen gedëlleg op all Froen geäntwert, an et huet een gemierkt dass hien nach ëmmer flénk am Kapp ass a vill Spaass versteet. Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

24-09-2022 RTL-Afterwork: mam Pilo Fonck (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h10 ass et um Cactus-Direkter Laurent Schonckert deen verzielt dass en duerch de Fussball bäi de Grupp koum, an e verréit och wéi e sech fit hält an dass en sech gären akleede geet, an am léifsten eleng.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.