1900 huet d'Famille Leesch hier éischt Epicerie opgemaach, doraus ass spéider de Cactus ginn wou den Laurent Schonckert Mëtt vun den 80er zougestouss ass, an zanterdeem ass hien der Grande distributioun trei bliwwen wou hien 2002 zum Direkter ernannt gouf. An op deem Posten sëtzt hien och nach haut mat 64 Joer. Et hätt awer och aneschter kéinte goen wann seng sportlech Ambitiounen méi grouss gewiescht wieren, wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten am Bistrot de la Presse verzielt huet. Piano: Erny Delosch

27-09-2022 RTL-Afterwork: mam Laurent Schonckert (Denschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Laurent Schonckert firwat en net méi Härenequipe spillt a wat säin déckste Fësch war deen e jee gefaangen huet.

Nächste Méindeg um 18h30 ginn nei Emissiounen am "Bistrot de la Presse" opgeholl. Invitéiert sinn de fréieren Minister Romain Schneider, den Ex-Direkter vum Utopolis Nico Simon an de Stararchitekt vun der Musel, François Valentiny.

Wann der interesséiert sidd maacht en SMS mat "Afterwork" op de 6-2468 (50ct) a mir mellen eis.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.