4.440 Leit hunn op den 8. Juli fir de Cactus geschafft a permanent rekrutéieren si nei Leit. Un der Spëtzt, quasi de Kapp vum Grupp ass de Laurent Schonckert. A wat an deem sengem Kapp virgeet fannen des Woch den Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos an d'Shari Schenten eraus. Bei hirem Gespréich am Bistrot de la Presse gi vill Themen gesträift, där privater awer déi méi berufflech, fir eppes iwwer d'Kulissen vum 3t gréissten Employeur aus dem Land gewuer ze ginn. Piano: Erny Delosch

28-09-2022 RTL-Afterwork: mam Laurent Schonckert (Mettwoch)

Muer géint 17h10 geet et mam Laurent Schonckert ëm Päerd, Aueren, Schong an Bling-bling. Awer och d'Cactus-Musek gëtt en Thema.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.