18 Mol ass de Laurent Schonckert tëscht 1984 an 1987 fir d'Nationalekipp op den Terrain gelaf, awer leider ouni e Goal ze schéissen. Säin éischte Match, fir d'rout Léiwen hat hien den 13. Oktober 1984 bei der 0:4 Défaite am WM-Qualifikatiounsspill géint Frankräich. Den Trikot vun der Nationalekipp hänkt elo am Schaaf, an hien huet den Dress gewiesselt, als Direkter vum Cactus. Beim Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten goung et och natierlech och ëm d'Hobbyen. Piano am Bistrot de la Presse: Erny Delosch

29-09-2022 RTL-Afterwork: mam Laurent Schonckert (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Laurent Schonckert méi iwwer säin Regime, awer och wéi hien mat Reklamatiounen ëmgeet. A bei "léiwer oder léiwer" muss hien sech entscheeden tëscht déckem Kapp a Mogripp.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes.