Wéi de Marc Pannacci zu Esch an der Primärschoul war sinn si an der Famill Samschdes op Audin le Tiche (Däitsch-Oth) op de Maart Drauwen kafen gaangen an hu se iwwer d'Douane geschmuggelt a Sonndes ass hien mam Vëlo bei dräi verschidden Bäckeren, Brout, Mëtschen an Dessert kafen gefuer, an da gouf et nach en speziellen Bäcker fir d'Rieslingspaschtéit.
Schéin Erënnerungen huet de fréieren Chef vum Fuersécherheetszenter vun Colmer-Bierg mam Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos a Shari Schenten gedeelt. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt

22-11-2022 RTL-Afterwork: mam Marc Pannacci (Denschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Marc Pannacci wéi all lues mam Fuersécherheetszenter ugefaange huet an de Büro nach bei him doheem war. Hien weess firwat et eng SuccesStory ginn ass, an de Mike verréit wéi dacks hien schonn do passéiert ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen