Den pensionéierten Direkter aus dem Fuersécherheetszenter zu Colmer-Bierg ass als Bouf eemol de Mount mam Vëlo op Oth den "LUI" den Hara-Kiri (Charlie Hebdo) an den Sport-Auto kafen gefuer, well et se zu Lëtzebuerg net ze kafe gouf. Hien war och den éischte Schüler aus dem Pensionat zu Dikrech deen an d'Morale laïque gaangen ass. Hien ass souguer wéinst enger Publicatioun déi de Clan erausginn huet - wou hien Member war - aus dem Gebäi geflunn an huet de Lycée zu Esch fäerdeg gemaach. An sou Geschichten gouf et nach am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Mike Fandel, Raoul Roos an Shari Schenten. Piano: Marc Schmidt

23-11-2022 RTL-Afterwork: mam Marc Pannacci (Mettwoch)

Muer géint 17h10 zielt de Marc Pannacci dass déi jonk männlech Chauffeuren d'Problemer am Stroosseverkéier sinn. Hien verréit wat d'Statistik verréit zum parken bei de Fraen an dass hien selwer a jonke Joren keen Engel op der Strooss war

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen