De Marc Pannacci kennt een als fréieren Direkter vum "Centre de Formatioun pour Conducteurs" zu Colmer-Bierg. D'Karting Pist zu Monnerech war seng Iddi, an hien ass och eng éischte Kéier op sengem Hochzäitsdag 1981 drop gefuer. Haut organiséiert hien nach all Joer am Juni d'Rotary Castle Tour mat Oldtimer. Am Bistrot de la Presse goufen den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten nach vill aus senger Jugend gewuer. Piano: Marc Schmidt

25-11-2022 RTL-Afterwork: mam Marc Pannacci (Freideg)

Muer géint 17h10 zielt de Marc Pannacci iwwer seng Zäit als Massendénger, an dass spéider all Mataarbechter beim Fuersécherheetszenter dat als Konditioun haten, duerch déi Schoul gaangen ze sinn. Hien verréit wat hien gär kacht an beschreift en Dag an der Pensioun.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen