
© Patrick Greis
De Luc Feit ass als Acteur sou villsäiteg wéi en Chameleon. Op am "Capitani", bei "Babylon Berlin" an der Serie "Edel & Starck" am "Superjhemp" oder am "Tatort". Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien net just iwwer d'Rolle vu sengem Liewen mä och iwwer säin Liewen, wéi hien als Bouf getuddelt huet a just op der Bün net. Hien verréit wéi et war virun der Kamera mam Jean Dujardin an dem George Clooney, awer och wou en sech gären zréckzitt, an seng Relatioun zur Zigarett. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt de Luc Feit wéi hien et op laange Fluchstrecken mécht fir d'fëmmen z'ënnerdrécken, dass hien wéinst enger onglécklecher Léift déi éischt Zigarett ugepaakt huet, an wat e fäert wann en keng méi umécht.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen