De Luc Feit haakt als Acteur seng Rollen sou of, wéi aner hir Kostümer changéieren. Mol spillt hien en Affekot, dann nees e Bandit, bal muss een en fäerten, an dann kann een nees gutt mat him laachen wéi am Film "De Superjhemp Retörns" wou hien den Schrobildgen verkierpert huet. Haut geet et awer éischter ëm de Mënsch deen hannert dëse Rollen stécht a seng mënschlech Besoinen, wann een sou wëll. Den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten froen relativ direkt, no enger Zigarett. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt.

29-11-2022 RTL-Afterwork: mam Luc Feit (Denschdeg)

Muer géint 17h10 verréit de Luc Feit wéi hien d'Nopeschkanner quasi gezwongen huet fir Theater mat him ze spillen. Den Acteur zielt wéi eng Souffleuse hien eng Kéier genervt huet, well se ëmmer dertëscht geschwat an huet e Beispill wou en haart ëm Hëllef geruff huet well hien den Text vun engem Lidd vergiess hat, a keng Souffleuse an der Géigend war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen