De Luc Feit kennt een aus ville grousse Lëtzebuerger Filmproduktiounen wéi "Schacko Klak", "Back in Trouble" oder "Superjhemp Retörns" awer et gesäit een hien ëmmer nees an däitsche Serien - zemol Krimien - wéi Tatort, Ein Fall für zwei, Adelheid und ihre Mörder, SK Kölsch oder SOKO Stuttgart. D'Staatlech Schauspillschoul zu Stuttgart mécht sech bezuelt, an dobäi waren déi éischt virsiichteg Schrëtt op klenge Lëtzebuerger Bünen wéi hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Shari Schenten a Mike Fandel verroden huet. Piano: Marc Schmidt

30-11-2022 RTL-Afterwork: mam Luc Feit (Mettwoch)

Muer géint 17h10 schwätzt de Luc Feit iwwer komplizéiert Kolleegen. Hien verréit, wéi schwéier hien sech mat de soziale Medien deet an huet eng flott Anekdot iwwer d'Stäerkt vu sengem Brëll bei "Babylon Berlin", déi mat sech bruecht huet dass en säin Partner net méi erkannt huet

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen