Bal steet en op der Bün, bal virun der Kamera, an op béide Plazen fillt de Luc Feit sech wuel. 2002 war hien Lëtzebuerger Shooting Star op der Berlinale. Hien ass awer och Regisseur a mat sengem Kuerzfilm "Ferkel" huet hien op der Berlinale 1999 den „Teddy“ gewonnen. Zanter ville Joren wunnt hien och zu Berlin huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt huet, déi awer och wësse wollten wat sou hannert de Kulissen geschitt, wou de Spectateur normalerweis näischt dovunner matkritt. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt

01-12-2022 RTL-Afterwork: mam Luc Feit (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 gi mir gewuer firwat hien bis 10 Espressi den Dag drénkt, dass en net vum Schrobildgen dreemt an dass hien guer net frou mam Sand ass. De Luc Feit zielt awer och wéi et war wéi hien mam Jean Dujardin an George Clooney gedréit huet a gefaart huet seng Zeen géif erausgeschnidden.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen