Den Acteur Luc Feit schafft wéi eng Seechomes. Bal am Theater, am Film oder op der Televisioun ass hien ganz fläisseg. D'lescht Woch nach war hien an der Stad an der Produktioun "En Escher Jong" ze gesinn, an Enn Mäerz steet hien zu Esch am Stéck "Gretchen 89 ff" op der Bün. Am Bistrot de la Presse hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten profitéiert fir him op den Zant ze fillen. Piano: Marc Schmidt

03-12-2022 RTL-Afterwork: mam Luc Feit (Samschdeg)

Déi nächst ganz Woch um 17h10 ass et um Luss Elsen deen sech en Numm als Restaurateur, Animateur an Clown gemaach huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen