De Luss Elsen huet den éischten vegetaresche Restaurant op Lëtzebuerg bruecht. Dat goung deemools iwwer vill Ëmweeër, mä de feste Wëllen war ëmmer do. Interessant ass et, wat en Elektriker wéi hien sech alles huet missten ulauschteren an afale loossen. Wat 1977 mat engem klenge Stand mat Biogebäck um Stater Maart ugefaangen huet, ass elo zu enger Success Story vun 32 Joer ginn. "Shanti" war säin éischte Restaurant zu Bréissel, mä schonns virdrun huet en vill Léiergeld zu Antwerpen bezuelt an zu Zürech souz hien souguer am Prisong.
Wéi en un den Numm "Mesa Verde" koum zielt hien och dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt.

05-12-2022 RTL-Afterwork: mam Luss Elsen (Méindeg)

Muer géint 17h10 zielt de Luss Elsen wéi e sech mam Maartpolizist an d'Hoer krut, wéi den Hond him seng ganz Kichelcher fir op säin Stand gefriess hat a wéi de Luss zu Zürech an de Prisong koum

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen