Dem Lucien Elsen säin Liewen ass eng grouss Aventure. An alles wat hien upaakt schéngt eng Reussite ze ginn. Säin Restaurant leeft, seng Partyen sinn legendär, zemol um Virowend vum Nationalfeierdag mat der Holy Ghost Street Party, wou een vun 10 Auer owes un net méi duerchkënnt an et einfach eng grouss Stéiparty gëtt. Am Bistrot de la Presse hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech awer och derfir interesséiert wéi alles ugefaange huet a mat wéi enge Schwieregkeeten hien ze kämpfen hat. Piano: Marc Schmidt

06-12-2022 RTL-Afterwork: mam Luss Elsen (Dënschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Luss Elsen iwwer seng schwéier Léierjoren an der Schwäiz an an der Belsch. Zu Zürich koum hien an de Prisong a gouf spéider ausgewisen an zu Antwerpen hunn deier Messeren eng grouss Roll gespillt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen