De Luss Elsen ass e vegetaresche Kach duerch an duerch. Hien huet vill erlieft bis hien, viru gutt 30 Joer, säin Restaurant tëscht Helleg Geescht an Place Clairefontaine opgemaach huet. An all deene Joren huet hien och näischt ubrenne gelooss, an huet sech sou zimmlech op der ganzer Welt derduerch geschloen, an do ass den Hitchhike duerch Japan nëmmen eng Etapp. Am "Bistrot de la Presse" an der Stad huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten seng Aventuren eng no där anerer zum Beschte ginn, och déi aus der Schwäiz wou hien zu Zürich  am Restaurant Gleich geschafft huet. Piano: Marc Schmidt

07-12-2022 RTL-Afterwork: mam Luss Elsen (Mëttwoch)

Muer géint 17h10 zielt de Luss Elsen, duerch wéi eng emotional Geschicht, säin Restaurant op säin Numm koum, a mir ginn gewuer wéi een vum Personal um drëtten Dag no der Ouverture derfir gesuergt huet dass hien mat Gips gekacht huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen