De Luss Elsen ass kee Kach am klasseschen Sënn. Hien huet sech fir déi vegetaresch Kichen entscheet, an dat schonn laang ier all déi aner dru geduecht hunn, fir d'Fleesch vun der Menüskaart erofzehuelen. Méi wéi 30 Joer ass hien op der selwechter Adress an zerwéiert seng Gäscht. Haut geet et ëm d'Geschicht vun där Plaz, zesummen mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt

08-12-2022 RTL-Afterwork: mam Luss Elsen (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Luss Elsen firwat hien als Kach opgehalen huet, dass hien net frou mat Mënschen ass déi d'Wourecht net soen an verréit wéi hien zum Clown ginn ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen