Wéi vill schéin Momenter huet de Nico Braun de Fussballfans geschenkt wann hien nees de Ball am Filet versenkt huet. Wéi vill schéin Goaler ginn op säin Compte. 45 Goaler ginn op seng Kap bei der Union tëscht 1968 an 1971. Op Schalke huet hien 14 mol getraff, beim FC Metz 96 Bäll eragesat an d'Statistik kënnt een sou weiderféieren. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et awer och ëm d'Geschichten ronderëm, als Fussballprofi. Piano: Marc Schmidt

21-12-2022 RTL-Afterwork: mam Nico Braun (Mettwoch)

Muer géint 17h10 zielt den Nico Braun wat hien op d'Palm bréngt an wat hien mécht fir sech nees ze calméieren, an hien beschreift wéi hien de Patrick Battiston am eegenen Auto ënner Zäitdrock op de Findel gefouert huet, an dobäi vun der Police eskortéiert ginn ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen