
© Patrick Greis
De Nico Braun ass eng Lëtzebuerger Fussballlegend. E gudde Numm huet hien sech op Schalke gemaach, a spéider beim FC Metz, wou hien an 170 Matcher vun der Liga 96 Goler geschoss huet. Zesummen mam Hugo Curioni am Stuerm waren déi zwee „Les artilleurs de Metz“. Am "Bistrot de la Presse" gouf zréckgekuckt op déi grouss Momenter vu senger Karriär a mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goufen och e puer memorabel Anekdoten opgefrëscht. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 schwätzt den Nico Braun vu sengem Bouf, deen och, genee wéi hien, Fussball gespillt huet. Hien zielt vu sengen Enkelkanner, senger neier Charge beim FC Metz a wéi hien iwwerflësseg Kiloen nees lass wëllt ginn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen