
© Patrick Greis
Wann een dem Nico Braun seng Karriär ëmräissen wëll, dann hëllefen Zuelen. 31 mol stoung hien um Terrain bei der Lëtzebuerger Fussballnationalekipp an 6 Goler huet hien fir déi rout Léiwen geschoss. 1973 war hien de "Monsieur Football" dat heescht hien war de Fussballist vum Joer, laang virun engem Hellers, Langers, Strasser oder Cardoni. Am Bistrot de la Presse hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten säin Lieweslaf t'ënnescht d'iewescht gedréit a sinn op interessant Saachen gestouss.
Piano: Marc Schmidt
23-12-2022 RTL-Afterwork: mam Nico Braun (Freideg)
Muer géint 17h10 schwätzt den Nico Braun iwwer seng Kaffisgewunnechten. Mir ginn gewuer wéi een Faux pas hien sech an senger éischter Whatsapp-Grupp geleescht huet, a wéi hien als Spectateur vun engem Match tëscht Manchester United a Bayern München, zwee Zänn verluer huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies