De Nico Braun war deen éischten Lëtzebuerger Fussballprofi, deen an der däitscher Bundesliga e Gol geschoss huet, deemools nach fir Schalke. Spéider huet hien och fir den FC Metz gespillt. An der nationaler Fussballgeschicht hëlt hien deemno eng grouss Plaz an, an awer ass de Nico ganz bescheiden bliwwen. Am 'Bistrot de la Presse' huet den fréieren Stiermer awer u seng Glanzzäit erënnert, an e puer flott Geschichten zum Beschten ginn, beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten. Piano: Marc Schmidt.

24-12-2022 RTL-Afterwork: mam Nico Braun (Samschdeg)

Déi nächst zwou Wochen gëtt et dann Souveniren u flott Gespréicher am Bistrot de la Presse aus de leschten Méint. Ënner anerem gëtt et schéin Aussoen vum Tessy Antony de Nassau, Pilo Fonck, Laurent Schonckert, Marion Welter, Tommy Schlesser an Acacio da Silva.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen