
© Patrick Greis
Mam Danielle Igniti ass net gutt Kiischten iessen, an dat huet schonn zu Diddeleng an der Spillschoul ugefaange. Zu den wichtegsten Etappen zielen, no der Uni zu Bréissel wou d'Danielle Konschtgeschicht a Franséisch studéiert huet, d'Zäit als Direktesch vum Kulturzenter Opderschmelz an hier Zäit als Presidentin vum Planning familial. Awer och politesch ass si keen onbeschriwwent Blat, ëmmerhin war si tëscht 1994 an 2011 Presidentin vun de Femmes socialistes. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et awer och ëm eng Kiischtendrëpp vum Thierry Van Werveke, verschidde Proffen, déi verhaassten Museksschoul an eng gewëssen Madamm Houtsch. Piano am 'Bistrot de la Presse": Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt d'Danielle Igniti wéi se hire Papp op den Härebierg als klengt Kand besiche war an hien onméiglech gemaach huet. Et gëtt een gewuer dass d'Danielle och haut nach schei ass, an et geet ëm déi ominéis Madamm Houtsch déi op Besuch koum, a wou alles anescht ofgelaf ass, wéi vum Danielle senger Mamm geplangt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen