d'Danielle Igniti ass eng Fra mat Temperament an engem staarke Charakter, awer och mat engem groussen Häerz fir Kultur. Si huet sech zum Beispill jorelaang ëm d'Programmatioun vun Konschtgalerië gekëmmert. 1993 den Espace Dominique Lang an der Diddelenger Gare, an d'Danielle war och d'Direktesch vum Centre d'Art 'Nei Liicht" bis Enn 2018.
Am 'Bistrot de la Presse' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gouf awer och zréckgekuckt op d'Kandheet a wat si do erlieft a gestiicht huet. Piano: Marc Schmidt

10-01-2023 RTL-Afterwork: mam Danielle Igniti (Dënschdeg)

Muer géint 17h10 zielt d'Danielle Igniti wéi se Museksschoul als Kand gehaasst huet, dass se mat hirem Papp op de Fussball goung fir Cola ze drénken an se rechent mat de Proffen aus dem Lycée of.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen