D'Danielle Igniti hat am Laf vun de Joren, schonn vill Kapen op. Natierlech haten sou zimmlech all déi Chargen eppes mat Kultur ze dinn. 12 Joer, bis bei d'Pensioun 2019, huet si beispillsweis zu Diddeleng als Direktesch d'Geschécker vum Kulturzentrum Opderschmelz geleet an dem Haus hire perséinleche Stempel opgedréckt. Am 'Bistrot de la Presse' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer nach e puer Etappen gesträift. Piano: Marc Schmidt.

12-01-2023 RTL-Afterwork: mam Danielle Igniti (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 zielt d'Danielle iwwer hier beweegten Zäit zu Bréissel, wou se studéiert huet, an wou eng Fläsch Kiischtendrëpp vum Thierry Van Werveke, dem Danielle säin Papp an d'Spidol bruecht hat.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen