
© Patrick Greis
Konschtgeschicht a Franséisch ass dee Bagage mat deem d'Danielle Igniti vu Bréissel zréck op Lëtzebuerg komm ass. Duerno koum d'Programmatioun vun de Konschtgalerië vun Diddeleng. 12 Joer war si Direktesch vum Kulturzentrum Opderschmelz, parallel Presidentin vum Planning familial[ an och 17 Joer Presidentin vun de Femmes socialistes. Genuch spannend Themen fir den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten. Um Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h10 ass et um fréieren Chefinspekter Armand Jaminet vun der Police deen ënnert anerem verzielt wéi d'Mafia zu Lëtzebuerg war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen