
© Patrick Greis
Wat ass aus dem fréieren Chefinspekter Armand Jaminet vun der Police ginn? Am Bistrot de la Presse ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten där Fro no. Hien verréit wéi et deemools bei der Police war, wéi hien vun der 'Police Secours' bei d'Wäiss Mäis koum a spéider bei d'Instruction routière. Hien war awer och Massendénger, Keelebouf, déi éischt Stëmm vum Trafic Info an 6 Joer President vun der 'International Police Association'. Vill Spannung verspriechen awer och d'Geschicht iwwer d'Mafia zu Lëtzebuerg a wéi hien duerch pueren Zoufall, Bankraiber d'Handwierk geluecht huet. Piano: Marc Schmidt
16-01-2023 RTL-Afterwork: mam Armand Jaminet (Méindeg)
Muer géint 17h10 zielt den Armand Jaminet wéi en als Massendénger d'Wäifläsch net opkrut, dass säin Monni hien drop bruecht huet fir bei d'Police ze goen a mir ginn gewuer firwat d'Geessen um Härebierg eng Kéier iwwer Nuecht e roude Baart kritt haten.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies