Adrett gekleet mat Uniform, a seng markant Stëmm, hunn iwwer Joren den Armand Jaminet ausgemaach. De fréieren Chefinspekter vun der Police huet a senger Karriär vill ënnerschiddlech Etappen materlieft. 2 Joer bei der Police Secours, d'Verkéierspolice, d'Instruction routière, d'Policeschoul a no der Fusioun vun Gendarmerie a Police war hien zu Waasserbëlleg, Iechternach a Gréiwemaacher. Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten stoung awer de Mënsch hannert dem Polizist am Mëttelpunkt. Piano: Marc Schmidt

17-01-2023 RTL-Afterwork: mam Armand Jaminet (Dënschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de fréieren Chefinspekter Armand Jaminet wéi hien säin Führerschäin bei der Arméi krut, an dass säin éischten Tour mat sengem Chef vum Härebierg bei e Café gefouert huet. Säin éischten Asaz bei der Police war 1972 beim Grand-Prix d'Eurovision de la Chanson

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen