
© Patrick Greis
Haut ass de Chefinspekter Armand Jaminet pensionnéiert a kuckt mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten op déi schéin Joren bei der Police zréck. Vu Nojem, wou 1952 eng 180 Leit gewunnt hunn goung et op den Härebierg, ier hien bei de Mikro vun RTL gelooss gouf, fir hei um Radio déi éischt Trafic Informatiounen wärend der Oktav an och soss ze maachen. Am 'Bistrot de la Presse' huet hien elauter Spiichten zum Beschten ginn, déi weisen, dass deemools d'Aueren nach anescht gedréit hunn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 schwätzt de fréieren Chefinspekter Armand Jaminet iwwer déi traureg Momenter a senger Zäit bei der Police. Hien beschreift awer och, wéi se no engem Bankiwwerfall an der Stad. déi 4 Banditten gepëtzt kruten, wou awer och de Kolleeg Zoufall ferm gehollef huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen