
© Patrick Greis
Säin éischten Schaffdag bei der Police hat de spéideren Chefinspekter Armand Jaminet am Joer 1973, an deen ass gläichzäiteg mam "Grand Prix d'Eurovision de la chanson" zesummegefall. An och déi Joren duerno hunn fir vill Ofwiesslung gesuergt. Kleng a grouss Delikter stoungen all Dag um ordre du jour, an e puer vun den delikaatsten a spannendsten Missiounen huet hien am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ernimmt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt de fréieren Chefinspekter wéi hien schonn an der zweeter Woch bei der Police, säin éischten Succès hat, an am Bus ee festgeholl huet deen op engem Phantombild war, an hien verréit, mat wat hien Succès bei senger Fra hat.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen