
© Patrick Greis
Mat 12 Joer ass Decisioun gefall fir spéider bei d'Police ze goen, an do huet de pensionéierten Chefinspekter Armand Jaminet a vill Servicer erageluusst. Bekannt gouf hien awer als éischt Trafic Info Stëmm hei um Radio, deen ënnert anerem wärend der Oktav gesot huet wou d'Prozessiounen drun waren. Hien war beim 'Überfallkommando", der Verkéierspolice, der Instruction routière, der Policeschoul an no der Fusioun koum hien op Waasserbëlleg, Iechternach a Gréiwemaacher. Am 'Bistrot de la Presse' beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gouf hien ausgequëtscht wéi eng Zitroun. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h10 ass et um Museker Jos Schartz, dee vill am Ausland op Tournée war a vill erlieft.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen