
© Patrick Greis
De Jos Schartz bréngt Stëmmung an d'Bud, egal op bei engem Gebuertsdag, Hochzäit, Soirée dansante oder um Schëff. Säin éischten Orchester waren 'les copains', duerno koum d'Relax Band. Hien ass mat der FunBrass oder den Troaterbattien op Tournée gewiescht, an och mat 76 Joer begéint een hien reegelméisseg mat engem Instrument. Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gouf hien an d'Roll vum Geschichtenerzieler gedréckt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt de Jos Schartz wéi en zu New York fir d'Ambassade gespillt huet an doudkrank war, a wéi en an der Chicago Tribune op déi éischt Säit gepackt hat an zu Lëtzebuerg vun Amerikaner erëmerkannt gouf.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen