Stonnelaang steet oder sëtzt de Jos Schartz hannert sengem Synthesizer an ënnerhält d'Leit. De Multiinstrumentalist war, an ass awer och mat 76 nach ganz sportlech. Hien leeft de Postlaf mat, spillt Tennis a klëmmt gär op de Vëlo. Am 'Bistrot de la Presse" beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten huet hien vill Spiichten ze verzielen. Piano: Marc Schmidt

26-01-2023 RTL-Afterwork: mam Jos Schartz (Donneschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Jos Schartz wéi hien an Amerika Bekanntschaft mat de Cops gemaach huet wéi hien e klenge Besoin hat, a wéi d'Mamm vum Frank an Andy Schleck him zu enger Plaz fir seng Roulotte op der Alpe d'Huez verhollef huet, an hien souguer vun Motarden dohinner eskortéiert gouf

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen