Datt d'Anne Faber fréier oder spéider bei "Anne's Kitchen" gelant ass, war keen Zoufall. Als Kand huet d'Anne schonn mat enger Fisher Price Kichen gespillt, an der Jugend huet et am Kannerduerf e "Restaurant" gebaut a geleet a wéi et bei de Scouten e Kachcamp gouf, war alles kloer. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten geet et och ëm seng gréng Chienne, säin Interview mam Will Smith an d'Amy Winehouse, dat him en Date geklaut huet. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt

30-01-2023 RTL-Afterwork: mam Anne Faber (Méindeg)

Muer géint 17h10 zielt d'Anne Faber iwwer säin éischten Vakanzenjob wou et Zaloten agepaakt huet, a mir ginn gewuer wéi eng déi zwou Saachen waren déi et ni méi am Liewen iesse wëll, well se net nëmme net gutt geschmaacht, mä och nach gestonk hunn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen