
© Patrick Greis
E Videoblog, 5 Kachbicher an eege Kachsendungen op der TV, doduercher kennt en d'Anne Faber. Bis et zu "Anne's Kitchen" koum, war et allerdéngs e Wee mat e puer Ofstiecher an aner Beräicher. An awer waren d'Kichen an d'Iessen ëmmer present, an dat vu Klengem un. Am 'Bistrot de la Presse" hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten hire Honger op Äntwerten gestëllt an wollten alles wëssen. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt d'Anne Faber iwwer seng rebellesch Phase mat der grénger Chienne. Mir ginn gewuer wéi een als agefleeschte Veganer awer Speck iesse kann, an wéi d'Anne sech ugeluecht huet fir Kachkéis a Japan ze schmuggelen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen