
© Patrick Greis
Mat einfache Wieder a roueger Stëmm huet den Dr Gérard Schockmel eis wärend der ganzer Corona-Pandemie begleet. Hien huet explizéiert firwat Masken gutt sinn, impfen wichteg ass an huet dem Land erkläert, firwat et soulaang gedauert huet, bis een Luucht um Enn vum Tunnel gesinn huet. Mä wien ass deen Infektiolog, wéi ass säin Passé a wat huet hien nach wëlles? Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zielt hien iwwer seng Tatta an Amerika, kuckt zréck op seng Zäit zu Oxford, verstoppt net dass hien politesch Ambitiounen huet a spillt eng Eegekompositioun um Piano. Stammpianist am 'Bistrot de la Presse': Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt den Dr. Gérard Schockmel dass hien als Student zu Oxford näischt ubrenne gelooss huet an dofir zwee Smokingen gebraucht huet. Mir ginn gewuer dass hien en Doppelgänger huet, an hien verréit wéi dat war wéi hien den Dr Ochs an der Stad begéint huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen