De Roby Schuler huet 35 Joer beim "Syndicat d'Initiative et de Tourisme de la ville de Luxembourg" geschafft an do den "Département Events&Culture geleet. Elo wou en sech sou lues zur Rou setzt kuckt en zréck op grouss Concerten déi hien organiséiert huet. Mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten zéit hien Bilan a verheemlecht och net déi Saachen déi a senger Karriär net ganz sou gelaf sinn wéi se sollten. Piano am Bistrot de la Presse: Marc Schmidt

18-03-2023 RTL-Afterwork: Roby Schuler (Samschdeg)

Muer géint 17h10 zielt de Roby Schuler dass hien privat net frou mat engem grousse Mënschenoplaf ass, an hien verréit wéi hien an déi hollännesch Ambassade invitéiert gouf an do d'Iddi vum Blues- an Jazzrallye gebuer gouf.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen