
© Patrick Greis
De Roby Schuler war vun 1985 bis 2020 dee Mann, deen fir den LCTO grouss Nimm an d'Stad bruecht huet, an dofir gesuergt huet dass d'Bünen d'ganzt Joer mat flotte Concerten belieft goufen. Hien huet d'Kontakter vun Gianna Nannini, Johnny Clegg, Roger Hodgson, de Simple Minds, Bap, Anastacia an Marlon Roudette. Am Bistrot de la Presse beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gouf hien zimmlech gespréicheg, och wat dat privat ugeet. Piano: Marc Schmidt.
Déi nächst Woch géint 17h10 kënnt der d'Oueren spëtzen well mam fréieren Geheimagent André Kemmer geet et ëm de Spëtzeldéngscht. Wéi hien dohinner koum, a wéi et zu senger Fräistellung wéinst där ominéiser Auerenaffär koum, zielt hien am RTL-Afterwork.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen