
© Patrick Greis
Wann een den Numm André Kemmer héiert denken der vill direkt un d'SREL Affär, dobäi ass hien awer och Auteur vu verschiddene Romaner wéi "Aminas letztes Geheimnis", "Das Geheimnis des Blutmonds" oder "Der Geheimdienst Insider". De fréieren Geheimagent zielt dës Woch vu senger Zäit an der Arméi, bei der Police zu Esch, awer och wéi hien bei de Spëtzeldéngscht koum a wéi seng Aarbecht do ausgesinn huet. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten gëtt een spannend Anekdoten gewuer, wéi déi vum Abriecher, dee sech gutt verstoppt hat, oder vun der Wirtschaftsmissioun mam Ausseminister Asselborn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 zielt den André Kemmer wéi d'Bicher vum Enid Blyton hien schonn als Kand beaflosst hunn, an hien zerwéiert Geschichten vum Härebierg, déi mat sech bruecht hunn dass hien d'Kasären quasi 3 Méint am Stéck net verloosse konnt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen