
© Patrick Greis
Vum Mata Hari iwwer den James Bond bis bei den André Kemmer gëtt et schonn e Lien. Et sinn alles Spiounen. De Wee bis bei de Spëtzeldéngscht war awer och fir de fréieren Scout e laangen, wou et net just um Härebierg e puer flott Storyen gouf déi ee net sou kennt. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten sinn déi Geschichten a gudden Hänn an do paakt den Auteur aus an zielt net just aus der Schoul. Piano am Bistrot de la presse: Marc Schmidt
Muer géint 17h10 gëtt et mam André Kemmer, dem fréieren Agent vum Service de Renseignement, e Bléck hannert d'Kulissen vum SREL a wéi sou Agenten rekrutéiert ginn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen